Hei d'Stellungnahm vun der Aip zum Opleisen vun den A a B Gruppen:
Dofir schwätzt :
- Klassegrupp mat alle Kolleege erëm beieneen: hei kéint een awer och zum Schluss vum Schouljoer een oder méi gemeinsam Deeg dobaussen an der Natur, wou de Risk de Virus ze verbreeden, jo vill manner héich ass, organiséieren
- Op wéinege Plazen sinn d’Gruppen net optimal opgedeelt an et feelt e bëssen un Dynamik. Hei wier et méi flott fir erëm méi Kanner am Grupp ze hunn. Et verhënnert jo awer lo näischt méi, datt 2 Gruppen dobaussen zesummen Aktivitéiten organiséieren
- Et ass e weidere Schrëtt a Richtung „Normalitéit“ a Déconfinement- woubäi déi domadder verbonne Risiken net bekannt sinn
Dergéint muss e feststellen:
- Distanz, Gestes barrières anhalen, ass net méi méiglech, oft Fangerwäschen gëtt schwiereg ( Gesondheetsministesch huet dëse Méindeg nach en Appell gemaach, datt dëst op der Aarbecht onbedéngt weiderhi muss respektéiert ginn.....zielt dat net fir d’Schoul? Ass do kee Virus méi?) An deenen „neie“ sanitäre Mesuren steet mol nach, datt dëst alles anzehalen wier...
- Wéi ass et mat de Personnes vulnérables? Kanner an Enseignanten?
- Wichteg Contenuen sinn festgeluecht an den Planning/Preparatioun ass op ville Plazen scho gemaach bis den 15. Juli. Mir waren jo opgefuerdert ginn fir d‘Contenus essentiels am Virfeld eranzeginn .
- Am klenge Grupp huet een Zäit fir d’Kanner, et kann ee roueg an intensiv schaffen, d’Kanner kommen zu Wuert, hu Rou, hu lo nei Frëndschafte gebilt a sech grad eréischt un deen neie System gewinnt. Souguer méi verhalenskreativ Kanner, fale positiv op... dëst kennt deem ganze Grupp zegutt a gëtt de Kanner hire Besoinen gerecht. Schoulesch ass a relativ kuerzer Zäit immens vill geschafft ginn.
Grad am C1 misst souwisou driwwer nogeduecht ginn, d’Klassegruppen och an Zukunft op max 13-15 Kanner ze beschränken fir de Besoinen vun deene jonke Kanner gerecht ze ginn
- Elo, wou alles steet -gëtt nees villes op d’Kopp geworf- an dëst grad wou d’Bilan’en ustinn. Mir waarden ausserdeem nach op kloer Direktiven wéi mir dës Bilansgespréicher sollen/dierfen ofhalen mat den Elteren
- D‘Elteren hu sech arrangéiert, (Téléetravail oder Congé social) an och d’Patronen! hu lo alles geplangt
- Vill zousätzlech Leit sinn rekrutéiert ginn, si mat agebonne ginn a schaffe gutt mat. Wat geschitt mat deenen? Falls déi an d’Klass bäigesat ginn ( wat och net iwwerall méiglech ass wëll jo och z.B. Übungsgruppen net all Woch besat sinn) bréngt dat net vill... vill Kaméidi mat Kanner plus 2 Erwuessenen, am Sall keng Méiglechkeet, sech aus de Féiss ze kommen.......
- Wou verbréngen d’Kanner d’Mëttesstonn? Bleiwe si dann zu 15-19 an engem Sall?
- Bustransport: déi ganz Schoulorganisatioun hänkt oft do drun, nei Kontrakter si vun verschiddene Gemengen agaange ginn.....wéi geet et domat virun?
- Säll sinn extra ausgestatt a geraumt ginn, deelweis Miwwel an en anere Sall oder anert Gebai transportéiert ginn. Dëst war e groussen zäitlechen an finanziellen Opwand !....lo erëm alles zréck? Wéini? De Weekend? All Acteuren, besonnesch d’Comitéen awer och Enseignanten a Gemengepersonal, hunn immens vill Aarbecht fir déi ganz Organisatioun geleescht.......gi si lo schonn erëm belaascht?
Konklusioun:
Der Aip hir Positioun ass, datt déi aktuell Opdeelung bis de 15. Juli 2020 misst bäibehale ginn...mat der Optioun, datt de Klasseverband / d‘Schoul dobausse ka verschidden Aktivitéiten zesummen organiséieren, wéi zb. en Ofschloss zum Schluss vum Joer.
D’Kanner, déi sech gutt an hirem neie Grupp erëmfannen, souwéi all d’Schoulpartner sollen net mat enger weiderer Schoulorganisatioun fir 2 !!! Schoulwochen.......(eng méi fir all Kand wéi elo).......kugenéiert ginn!
Wann d’Opléisung vun de Gruppen ouni administrativen Opwand soll stattfannen, wéi de Minister dat jo scho versprécht wéi ass et da méiglech datt verschidden Direktiounen lo scho matgedeelt hunn, datt muss eng ganz nei Schoulorganisatioun fir Gemeng a Menje gemaach ginn...an dëst wärend der Bilanszäit an der normaler Schoulorganisatioun fir d’Rentrée 2020/21.
Mir sinn der Meenung, dass d’Kanner mat hiren Enseignant’en e Recht hunn fir dëst Schouljoër- wat kee „normaalt“ Schouljoer war an och keent méi gett- a Rou kënnen ofzeschléissen.